Hubble-Weltraumteleskop

Hubble-Weltraumteleskop, Foto vun der STS-82-Missioun

D'Hubble-Weltraumteleskop, Hubble Space Telescope, HST ass e Weltraumteleskop fir siichtbart Liicht, Ultraviolett- an Infraroutstrahlung, dat d'Äerd a 590 Kilometer Héicht an der Zäit vu 95 Minutten eemol ëmkreest. D'Teleskop gouf an Zesummenaarbecht vun der NASA an der ESA gebaut a gouf nom US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble genannt.

D'HST gouf de 24. Abrëll 1990 mat der Space-Shuttle-Missioun STS-31 gestart an den Dag duerno aus dem Frachtraum vun der Discovery gehuewen. Nodeems e Problem mat engem vun den zwee Sonnepanéile behuewe war, gouf d'HST ausgesat.

En Teleskop baussenzeg vun der Atmosphär vun der Äerd huet grouss Virdeeler, well hir Filterwierkung op bestëmmte Wellelängten am elektromagnetesche Spektrum, zum Beispill am Ultraviolett an am Infrarout, entfält. Et trieden och keng Stéierungen duerch Loftbeweegungen op (Szintillatioun), déi bei terrestreschen Teleskopen nëmme mat groussem Opwand ausgeglach kënne ginn.

D'Bildqualitéit vum Hubble-Weltraumteleskop war an den éischte Betribsjoren duerch e Produktiounsfeeler vum Haaptspigel begrenzt, deen 1993 mat Hëllef vum COSTAR-Spigelsystem erfollegräich korrigéiert konnt ginn. Zanterhier gi mat Hëllef vum HST Biller gemaach, déi dacks eng staark Wierkung op d'Ëffentlechkeet hunn, an déi zu Resultater mat grousser wëssenschaftlecher Bedeitung féieren.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search