Hubble Ultra Deep Field

Den HUDF weist Galaxien vu verschiddenem Alter, verschiddener Gréisst a Form. Déi klengst, routst Galaxien, ongeféier ronn 100, gehéieren zu deene Galaxien, déi am Ament am wäitste vun eis ewech leien. No der Theorie iwwer den Urknall virun zirka 13,8 Milliarde Joer sinn dës Galaxien an engem Stadium ze gesinn, wou den Universum just 800 Millioune Joer al war.

Den Hubble Ultra Deep Field (HUDF) ass e Bild vun enger klenger Himmelsregioun, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop iwwer en Zäitraum vum 3. September 2003 bis 16. Januar 2004. Et war bis zu der Publikatioun vum Hubble Extreme Deep Field am September 2012 da déifste Bild vum Universum, dat jee am Beräich vum visuelle Liicht opgeholl gouf. Dobäi gouf eng Himmelsregioun ausgewielt, déi kaum stéierend hell Stären am Virfeld huet. Et gouf sech fir en Zilgebitt am Stärebild Fornax südwestlech vum Orion entscheet. D'Positioun vum Zilgebitt ass: Rektaszensioun 3h 32 m 39,0s an Deklinatioun −27° 47' 29,1″. Den Duerchmiesser vum gewielten Himmelsausschnëtt entsprécht aus Siicht vun der Äerd ongeféier engem Zéngtel vum Moundduerchmiesser. Dat entsprécht enger 1 mm mal 1 mm grousser Fläch op enger Distanz vun engem Meter a stellt ongeféier en Dräizéng-milliounstel vum ganze visuellen Himmel duer. Den HUDF enthält ronn 10.000 Galaxien a grouss kosmesch Objete. Et besteet aus zwou separate Biller duerch den Hubbles „Advanced Camera for Surveys“ (ACS) an dem „Near Infrared Camera and Multi-Object Spectrometer“ (NICMOS). D'Bild entstoung aus 800 Eenzelbeliichtunge, déi wärend 400 Äerdëmkreesunge vum Hubble duerchgefouert goufen. Déi ganz Beliichtungszäit hat 11,3 Deeg fir ACS a 4,5 Deeg fir NICMOS gedauert. Fir de ganzen Himmel an dëser Opléisung z'observéieren, géif den Hubble Weltraumteleskop eng Millioun Joer brauchen.[1]

Den Hubble Ultra Deep Field steet an der Traditioun vum Hubble Deep Field an dem Hubble Deep Field South, déi mat der aler Kamera WFPC2 opgeholl goufen, manner déif sinn an e méi klengt Feld ofdecken. Nom Abau vun der WFC3/IR-Kamera gouf de selwechten Himmelsberäich Enn August 2009 am noen Infrarout bei de Wellelängte 1,05, 1,25 an 1,6 Mikrometer als HUDF09 iwwer véier Deeg mat enger Beliichtungszäit vun 48 Stonnen opgeholl[2]

  1. Hubble's Deepest View Ever of the Universe Unveils Earliest Galaxies, NASA, 9. Mäerz 2004
  2. Hubble's Deepest View of Universe Unveils Never-Before-See Galaxies, NASA, 12. August 2009

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search