Konstitutionell Monarchie

Konstitutionell Monarchien, 2022
Legend:
  • Rout: Konstitutionell Monarchie mat engem Parlament
  • Mof: Konstitutionell Monarchie mat enger méi oder manner grousser politescher Roll
  • Beige: Strikt konstitutionell Monarchie (nëmmen Thailand)

Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkannt huet, mä wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Constitutioun limitéiert ass.

Déi modern konstitutionell Monarchië si meeschtens parlamentaresch Monarchie mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëlt e Premierminister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt, déi Roll.

De Monarch, deen onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Constitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mä och als Symbol vun der historescher Kontinuitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Intressen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz [1]. De parlamentaresche Monarch regéiert, mä gouvernéiert net, oder fir et mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:

Le roi n'administre pas, ne gouverne pas, il règne.

De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi et an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mä och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.

D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolutte Monarchië vum Enn vum Mëttelalter, wéi de Monarch a säi Gouvernement d'Autoritéit haten. Duerch d'Entwécklung vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht op Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.

An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.

Verschidde Constitutioune schléissen allerdéngs eng Participatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.

  1. Benjamin Constant

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search