Wikipedia:Homonymie

Heiansdo kënnt et vir, datt verschidden Artikelen zu ganz verschiddenen Themen deeselwechten Titel hunn. Dat nenne mer Homonymie (op der englescher Wikipedia: disambiguation).

An enger Enzyklopedie op Pabeier ass dëst kee gréissere Problem, well déi verschidden Artikelen einfach noenee gedréckt ginn. An enger elektronescher Enzyklopedie ass dat natierlech net méiglech a stellt dowéinst e Problem duer.

Dofir sinn hei e puer Erklärungen an eng Homonymie-Säit noutwänneg. Fir all aner Froen zur Nennung vun den Artikelen, liest wgl. den Artikel Wikipedia:Nummkonventiounen.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search