Keelespill

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Klatz trëfft

Keelespill ass e Prezisiounssport, bei deem e Spiller eng Klatz iwwer eng glat Bunn (Keelebunn) mat engem kontrolléierte Schwong esou rulle léisst, datt déi néng Keelen, déi um Enn vun der Bunn stinn, ëmfalen. Déi néng Keele sinn a Form vun enger Raut opgestallt. Aus dem Keelespill huet sech de Bowling entwéckelt, bei deem 10 Keelen a Form vun engem gläichsäitegen Dräieck opgestallt ginn.

D'Keelespill ass dacks e Fräizäitsport, deen traditionell an engem Café, enger Wiertschaft gespillt gëtt an zur Gesellegkeet bäidréit. D'Keelespill ass awer och e Sport, an deem national an international Meeschterschaften organiséiert ginn.

eng klassesch Keelebunn

Zu Lëtzebuerg sinn d'Keelespiller an der Fédération Luxembourgeoise de Quilleurs zesummegeschloss.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search