Vel'oH!

De vel'oH! gouf den 21. Mäerz 2008 um Knuedler offiziell lancéiert

vel'oH! ass den Numm vun engem Vëloslocatiounssystem, deen den 21. Mäerz 2008 an der Stad Lëtzebuerg agefouert gouf.

D'Konzessioun fir de System ze bedreiwe krut d'Firma JCDecaux, déi am Géigenzuch 50 Reklammspanneauen (sougenannt "MUPI"en) doruechter huet däerfen opstellen a fir eng festgeluecht Zäit d'Recettë fir déi Panneauen däerf behalen. 2018 gouf d'Konzessioun fir JCDecaux, no engem neien Appel d'offres, fir 10 Joer verlängert.[1]

2022 gouf mat deem System iwwer 1,2 Millioune Mol e Vëlo gelount.

  1. "10 ans de vel'oh!." In: City. Magazine officiel de la Ville de Luxembourg, 02/2018, S.19.

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search