Veraudunus war den Numm vun engem keltesche Gott aus der Géigend vun den Treverer. Zwou Inskriptiounen, déi um Widdebierg fonnt goufen, an op deenen e mam Inciona genannt gëtt, beleeën dat.[1] Et kann een dovun ausgoen, datt d'Inconia seng Compagne war. Op enger Votivtafel aus Bronze geet och nach vum Lenus rieds[2], wobäi net ganz kloer ass, ob Veraudunus e Bäinumm ass, oder ob déi zwéin als eegestänneg Gëtter ugesi goufen.
Et kéint méiglech sinn, datt de Veraudunus als Personifizéierung vum Widdebierg ugesi gouf, dee vläicht deemools deen nämmlechten Numm hat. Am Gallesche gëtt *vero-dunon mat „grousse befestegten Hiwwel" iwwersat,[3], sou wéi dat och de Fall bei de franséische Stied mam Numm Verdun de Fall ass.
© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search