Den Adolf Hitler, gebuer den 20. Abrëll 1889 zu Braunau am Inn an Éisträich, a gestuerwen den 30. Abrëll 1945 zu Berlin am sougenannte Führerbunker duerch Suizid, war zanter 1921 "Führer" vun der NSDAP, zanter 1933 Reichskanzler an zanter 1934 als "Führer a Reichskanzler" gläichzäiteg Staatschef a Regierungschef vum Däitsche Räich. Den Hitler huet an Däitschland déi nationalsozialistesch Diktatur vum "Drëtte Räich" opgeriicht, huet all Oppositiounsparteie verbidden a seng politesch Géigner verfollege gelooss. Hien huet den Zweete Weltkrich entfesselt an déi systematesch Entrechtung an Ermuerdung vun zirka 6 Milliounen europäesche Judden an anere Bevëlkerungsgruppen am Holocaust bedriwwen.
© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search