Spotify ass eng schweedesch Audiostreaming-Plattform mat iwwer 82 Millioune Lidder.
Si gouf 2006 gegrënnt an zielt zu de gréissten an hirer Aart, mat iwwer 456 Milliounen aktive Benotzer (Stand: Januar 2023), dovun 195 Milliounen, déi fir de Service bezuelen. Déi aner gebrauchen eng gratis Offer mat Publicitéit a limitéierte Funktiounen.
De Sëtz vu Spotify ass zu Stockholm. D'Entreprise gëtt op der Bourse vun New York gehandelt iwwer d'Holdinggesellschaft Spotify Technology S.A. mat Sëtz zu Lëtzebuerg.
© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search