ESTRACK

Ënner dem Numm ESTRACK (ESA tracking stations) bedreift d'europäesch Raumfaartagentur en Netz vu Funkstatiounen, déi zu der Kommunikatioun mat Satellitten a Raumsonden déngen. Duerch weltwäit Verdeelung vun de Statiounen ass et méiglech, fir e Raumfluchkierper ëmmer mat op d'mannst enger Statioun e Funkverkéier opzehuelen.

Zu de Raumfaartmissiounen, déi iwwer den ESTRACK gesteiert ginn, gehéiere beispillsweis Herschel/Planck, LISA Pathfinder, Gaia, BepiColombo a Venus Express.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search