Ferdinand I. (HRR)

Ferdinand I.
Titelen
Virgänger Karel V.
Nofollger Maximilian II.
Biographie
Gebuer 10. Mäerz 1503
Alcalá de Henares
Gestuerwen 25. Juli 1564
Wien
Papp Felipe I. vu Kastilien
Mamm Juana vu Kastilien
Geschwëster Karel V.
Kanner Maximilian II. (HRR)


De Ferdinand I., gebuer den 10. Mäerz 1503 zu Alcalá de Henares bei Madrid a grestuerwen de 25. Juli 1564 zu Wien, aus der Famill vun den Habsburger, war Äerzherzog vun Éisträich a vu 1558 bis 1564 Keeser vum Hellege Réimesche Räich.

Hie war dat véiert Kand vum Felipe I. vu Kastilien a senger Fra Juana (déi Geckeg). 1521, nom Doud vum Keeser Maximilian, krut hien d'Herrschaft iwwer d'Habsburgesch Ierflännereien, iwwerdeems säi Brudder Karel V. d'Territoiren a Spuenien an déi Spuenesch Nidderlanden krut. 1526/1527 gouf de Ferdinand Kinnek vu Béimen, Kroatien an Ungarn.

A sengen Herrschaftsgebidder huet de Ferdinand eng administrativ Organisatioun opgebaut, déi d'Basis vun der Verwaltung vun de Joerhonnerten dono gouf. Doduerch, datt e Kinnek vu Béimen, Kroatien an Ungarn gouf, konnt hien d'Basis vun der Muecht vun den Habsburger am Donauraum schafen.

Nach zu Liefzäite vu sengem Brudder Karel V. ass en de 5. Januar 1531 zu deem sengem Nofollger als Réimesch-däitsche Kinnek geweilt ginn. Hien huet de Karel och laang als Keeser vetrueden, wann deen doruechter ënnerwee war.

De 26. Februar 1558 hunn d'Kurfürsten zu Frankfurt de Ferdinand zum Keeser gewielt.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search