Habsburg

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus Habsburg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Habsburg (Homonymie).
Den "Habsburger Pouhunn" mat de Wope vun den Herrschafte vum Haus Habsburg (Augsburg, 1555).

D'Haus Habsburg oder d'Habsburger sinn e grousst europäescht Adelsgeschlecht, den Numm kënnt vun der Buerg Habsburg am Aargau (Schwäiz).

D'Membere vun dëser Dynastie hunn iwwer Joerhonnerte laang iwwer Éisträich, Béimen an Ungarn geherrscht. Vu 1438 bis 1740 koumen all d'Keeser vum Hellege Réimesche Räich aus dem Haus Habsburg. Am 16. a 17. Joerhonnert huet d'Adelsgeschlecht och iwwer d'Kinnekräicher vu Spuenien a Portugal mat hire Besëtzer an Amerika, Afrika an Asien regéiert.

Nom Doud vum leschte männlechen Habsburger, dem Keeser Karl VI., huet seng Duechter Maria Theresia zesumme mat hirem Mann François III. vu Loutrengen d'Nofolleg iwwerholl, dëst war den Ufank vun der Dynastie vun Habsburg-Loutrengen. Weider Keeser koume vu 1745 bis zum Ënnergang vum Hellege Réimesche Räich 1806 nees aus dësem Haus; de leschte réimesch-däitsche Keeser, de Franz II., huet 1804 d'ierflecht Keesertum Éisträich gegrënnt, wat bis 1918 Bestand hat. Niewelinne vun der Dynastie Habsburg-Loutrengen hunn an der Toskana, Modena a Parma souwéi kuerzzäiteg a Mexiko regéiert. Ëmgangssproochlech steet den Numm "Habsburg" och nach haut fir d'Dynastie Habsburg-Loutrengen.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search