Italien

Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Repubblica Italiana

Italieenesche Fändel

Italieenesche Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Italieenesch
(regional och Däitsch, Franséisch, Ladinesch, Furlanesch a Sloweenesch)
Haaptstad: Roum
Staatsform: Republik
 • President: Sergio Mattarella
 • Ministerpresident ("Conseilspresident"): Mario Draghi
Fläch: 301.338 km² (72.)
 • Dovu Waasser: 2,4 %
Bevëlkerung: 60.674.003 (2015) (23.)
 • Bevëlkerungsdicht: 201,3/km²
Onofhängegkeet: 17. Mäerz 1861: Vereenegung
2. Juni 1946: Republik
Nationalfeierdag: 2. Juni
Nationalhymn: Fratelli d'Italia - Inno di Mameli
(Lauschteren)
Wärung: Euro (EUR)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .it
Internationalen
Telefonsprefix
:
+39
Regiounen an Italien
Neapel, déi drëttgréisst Stad an Italien

Italien, offiziell Italieenesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an un Éisträich a Slowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italieenesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Insele wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italieenesche Festland.

Italien ass e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, a vun der NATO a gehéiert zur Grupp vun de G7-Länner.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search