Juddentum

Als Juddentum bezeechent een d'Kultur, d'Geschicht, d'Relioun an d'Traditioune vum Vollek Israel. Dacks versteet een allerdéngs ënner deem Begrëff och nëmmen déi jiddesch Relioun.

D'Juddentum gëtt als éischt an eelst Weltrelioun verstan, och wa just ronn 13,4 Millioune Mënsche Judde sinn.[1] Dës Zuel ass am Verglach zu anere Weltreliounen, wéi dem Chrëschtentum (zirka 2,3 Milliarden) an dem Islam (zirka 1,4 Milliarden) relativ kleng. D'Juddentum ass och déi éischt monotheistesch Relioun op der Welt a gëllt als Inspiratiounsquell vum Chrëschtentum an dem Islam. D'Relioun baséiert op de schrëftlechen Iwwerliwwerunge vun der Tora.

Der Tora no fänkt déi jiddesch Geschicht mam Bond un, dee Gott mam Abraham schléisst. Sou gëtt den Abraham als de Grënner vum Monotheismus verstanen. D'Tora bestëmmt dann och de jiddesche Liewensoflaf: Den 8. Dag no der Gebuert vun engem Jong, gëtt hie beschnidden. D'Meedercher dogéint kréie just hiren Numm an der Synagog. Jonge feieren op hirem 13. Gebuertsdag Bar Mitzwa a gehéiere vun deem Moment un zu dem Minjan, déi zéng Männer, déi fir e Gottesdéngscht erfuerdert sinn. D'Meedercher feiere mat 12 Joer Bat Mitzwa. Vun deem Ament un gi se vollwäerteg Membere vun der jiddescher Communautéit a verflichte sech, déi 613 Geboter (Mitzwot) anzehalen. Eng jiddesch Hochzäit besteet haaptsächlech aus der Ketubba, engem schrëftleche Bestietnesvertrag, an enger Feier duerno. Beim Doud këmmert en Chewra Kadischa sech ëm d'Begriefnes. D'Trauerzäit besteet bei de Judden aus dräi Etappen: déi éischt siwen Deeg (Schiwa genannt) sinn der intensiver Trauer reservéiert, déi éischt drësseg Deeg gi Schlochim (drësseg op Hebräesch) genannt a schliisslech d'Trauerjoer (11 Méint), no deem eréischt de Grafstee (Mazewa) um Kierfecht geluecht gëtt.

Schonn um Enn vun der Antiquitéit war d'Juddentum wäit iwwer de réimesche Raum eraus verbreet. Et war bis a China, Indien an Afrika bekannt.

Am haitege reliéise Juddentum begéine mer dräi grousse Stréimungen: dat orthodoxt Juddentum, dat konservatiivt an dat liberaalt Juddentum.

  1. World Jewish Population, 2010

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search