Large Binocular Telescope

Den LBT

De Large Binocular Telescope (ofgekierzt LBT, op Lëtzebuergesch „grousse binokularen Teleskop“) ass en Spigelteleskop fir astronomesch Observatiounen. E steet um 3.267 Meter héije Mount Graham an Arizona an ass en Deel vum Mount Graham International Observatory. Den LBT huet zwéin 8,4 Meter grouss Haaptspigelen, déi déi selwecht Liichtsammelleeschtung wéi en eenzelen 11,8 Meter groussen Teleskop erreechen.[1] En erreecht déi optesch Opléisung vun engem 22,8-Meter-Spigel.[1] Bei Testfotoen hat en eng Strehl-Zuel vun 0,6 bis 0,8 erreecht (e Wäert vun 1 entsprécht engem perfekte Bild). Weider Tester hu Wäerter vun 0,82 bis 0,84 erginn.[2]

Ee vun den LBT-Haaptspigelen hat den 12. Oktober 2005 säin „Éischt Liicht“. Dofir gouf de Spiralniwwel NGC 891 erausgesicht, deen eiser Mëllechstrooss ganz vill gläicht.[3] Enn 2007 gouf och déi zweet 36-Megapixel-CCD-Kamera geliwwert, soudatt dat éischt wierklecht first light vum LBT am binokulare Betrib geschéie konnt.[4]

  1. 1,0 1,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2011-05-17. Gekuckt de(n) 2012-08-27.
  2. http://www.physorg.com/news195838118.html
  3. http://medusa.as.arizona.edu/lbto/first_light.htm
  4. http://www.astronews.com/news/artikel/2008/03/0803-013.shtml

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search