Slowenien


Republika Slovenija

Sloweenesche Fändel

Sloweenesche Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Sloweenesch
Haaptstad: Ljubljana
 • Koordinaten: 46° 03’ 05.11’’ N
      14° 30’ 21,54’’ O
Staatsform: Republik
 • Presidentin: Nataša Pirc Musar
 • Premierminister: Robert Golob
Fläch: 20 273 km²
Bevëlkerung: 2 013 597[1]
 • Bevëlkerungsdicht: 99,32/km²
Onofhängegkeet: 25. Juni 1991
(Onofhängegkeetserklärung)
Nationalfeierdag: 25. Juni
Nationalhymn: Zdravljica
Lauschteren
Wärung: Euro (EUR)
Internet TLD: .si
Internationalen
Telefonsprefix
:
+386

Slowenien (Sloweenesch: Slovenija) ass eng Republik an Europa, déi un Italien, Éisträich, Ungarn, Kroatien an d'Adria grenzt. De Süde vu Slowenie gëtt dem Balkan respektiv der Balkanhallefinsel zougerechent.

Slowenien huet sech de 25. Juni 1991 vu Jugoslawien onofhängeg gemaach. D'Land gouf den 1. Mee 2004 mat néng anere Länner Member vun der Europäescher Unioun. Den 1. Januar 2007 gouf och den Euro, deen de sloweeneschen Tolar ofgeléist huet, mat Succès agefouert.

Haaptstad vu Slowenien ass mat ronn 260.000 Awunner Ljubljana. Si läit zentral an ass doduerch Dréischeif vum Verkéier.

  1. Stand: 31. Mäerz 2007. Quell: stat.si

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search