Space Shuttle

Space Shuttle
D'Atlantis start zu der Missioun STS-115
D'Atlantis start zu der Missioun STS-115
Orbiter
Längt 37,24 m
Spanwäit 23,79 m
Fligelfläch 249,9 m²[1]
Startmass (maximal) 109.000 kg
Notzlaascht an engem niddregen Orbit 24.500 kg
Notzlaascht zu der ISS 16.400 kg
maximale Schub op Miereshéicht 3*1.76=5,27 MN[2]
maximale Schub am Vakuum 3*2.09=6,27 MN
Reegelberäich vun den Haaptdreifwierker 65% bis 109%
Asazhéicht 185–643 km[3]
Besatzung Maximal 8 Persoune
Aussentank
Längt 48,9 m
Duerchmuiesser 10,4 m
Volumen 2.030 m³
Eidelgewiicht 26.556 kg
Startgewiicht 757.000 kg
Booster (2 Stéck)
Längt 45,6 m
Duerchmiesser 3,71 m
Startgewiicht 590.000 kg
Startschub 2*12,46=24,92 MN
Ganzt System
Startmass 2.046.000 kg
Startschub 30,16 MN
Startschub/Startmasse 14,74 m/s² = 1,5 g
maximalen Tempo am Betrib 3 g
De NASA-Logo als Erënnerung un de Space-Shuttle-Programm

De Space Shuttle (englesch fir Raumfär), kuerz Shuttle, ass e Raumfärentyp, dee vun der US-Raumfaartadministratioun NASA entwéckelt gouf.[4] D'Komponente sinn nieft der Raumfär (Orbiter) en externen Dreifstofftank an zwou Feststoffrakéiten. De ganze System bezeechent een als Space Transportation System, kuerz STS. Fachlech gëtt nëmmen den Orbiter als Space Shuttle bezeechent.

De Shuttle ass aus dem Versuch erausgaangen, e Raumgefier ze bauen, dat méi wéi eemol konnt gebraucht ginn. Dat sollt d'Onkäschte géintiwwer deene bis dohi gebrauchte Rakéiten drécken. Beim ale System sinn all Rakéitestufen nëmmen eemol gebraucht ginn. Déi Erspuernesser konnten zwar net erreecht ginn. E Shuttlestart kascht an der Tëschenzäit knapps eng hallef Milliard Dollar, ongeféier fënnefmol sou vill wéi e Start mat enger onbemannter Eeweerakéit mat der selwechter Notzlaaschtkapazitéit an ass an der Lescht bis op gutt eng Milliard Dollar geklommen.[5]

D'Raumfär ka gläichzäiteg 24,5 Tonnen Notzlaascht souwéi 7 Astronauten an eng niddreg Äerdëmlafbunn (tëscht ongeféier 200 a 650 Kilometer Bunnhéicht) bréngen. Zudeem ass de Shuttle mat Hëllef vun Andockadaptere fäeg, un enger Raumstatioun (haut ISS, fréier Mir) unzedocken. Duerch seng Fäegkeet zum gläichzäitegen Transport vu Mannschaft a Fracht ass de Shuttle villsäiteg ze gebrauchen, beispillsweis kënne Satellitte reparéiert oder op d'Äerd zeréckbruecht, oder den Opbau an d'Versuergung vun enger Raumstatioun ënnerstëtzt ginn.

Zanter dem leschten Apollo-Fluch am Joer 1975 ass de Shuttle déi eenzeg Méiglechkeet vun den USA, mat eegene Mëttele Mënschen an de Weltraum ze bréngen. Den éischte Fluch vum System war am Joer 1981, zanterhier goufen iwwer 130 Flich gemaach, woubäi et zweemol zu fatalen Accidenter koum, bei deenen all Kéier 7 Astronauten ëm d'Liewe koumen. Zu de wichtegsten Erfolleger gehéieren d'Aussetze vu verschiddene Raumsonde souwéi vum Hubble-Weltraumteleskop, verschidde Flich mat agebaute Laboratoiren, Flich bei d'russesch Mir-Statioun souwéi bei d'International Raumstatioun (ISS). Am Ganze goufe fënnef raumfluchfäeg Orbiter gebaut, vun deenen no Ausserdéngschtstellung, de Space Shuttle „Atlantis“ den 8. Juli 2011 fir d'lescht gestart ass. [6] Als Nofollger ass d'MPCV-Raumschëff an Entwécklung, dat méiglecherweis vun 2016 un asazbereet ass.

  1. Space Shuttle Technical Conference pg 238
  2. Space Shuttle Main Engines
  3. Space Shuttle Basics Archivéiert de(n) 2011-01-19. Gekuckt de(n) 2011-07-09.
  4. NASA: Shuttle Reference Manual, 7. April 2002, ofgeruff de 24. September 2009 (englesch)
  5. US-Raumfähren
  6. NASA's Shuttle and Rocket Launch Schedule

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search